Starthëllef «Schoul Doheem»
Dir wëllt Ären OLEFA Schoulwebsite am Kader vu Schoul Doheem benotzen? Hei fannt Dir eng kleng Starthëllef, wéi Dir Iech uleeën kënnt.
»
Zréck zu de Best Practice BeispillerA) Éischt Schrëtt
Wéi kann ech mech aloggen? Wou fannen ech mäi Login?
»
Tipps zum LoginWou kann ech meng Schülerkonten erstellen, resp. wou fannen ech hir Passwierder?
»
Gebrauchsanweisung (mat Video)Wéi fannen ech mech an der Lëscht vun der Projeten zurecht?
»
Struktur vum BenotzerberäichB) Wéi eng Tools kann ech benotzen
Wiki: Informatioune strukturéieren / Mini-Homepage
Mam Wiki kann een Informatioune fir d'Kanner an d'Eltere strukturéiert sammelen an duerstellen. Dat och mat Biller, Links zu Projete mat den aneren Tools, Links zu anere Websäiten, Dokumenter. E puer Beispiller am Kontext vu Schouldoheem ginn et z.B. zu
Woltz,
Wëntger oder
Schëffleng.
Et kann een awer och Wiki-Projeten opmaachen, déi d'Kanner selwer mat Inhalter fëllen (Beispill vun
Ettelbréck).
»
Gebrauchsanweisung (mat Video)Storyboard: Aktivitéiten Dokumentéieren, mëndlech a schrëftlech Billergeschichte maachen, Wuertschatz
Mam Storyboard kann den Enseignant Saache multimedial opbereeden, z.B. Wuertschatz (
Beispill vu Woltz), phonologescht Bewosstsinn (
Beispill vu Monnerech), Mathematik (
Beispill vu Schëffleng) oder Ureegunge fir Experimenter (
Beispill vu Sëll).
D'Kanner kënnen och selwer Saachen, déi si doheem maache mam Storyboard präsentéieren, z.B. a Form vun engem Tagebuch (
Beispill vu Schëffleng).
»
Gebrauchsanweisung (mat Video)Tiparlo: Verzielen, virliese, sangen
Den Tiparlo ass een einfachen Tool, fir grouss mëndlech Produktiounen opzehuelen. Kleng Eenzel-Clips kënne ganz einfach zu enger grousser Geschicht unenee gehaange ginn.
»
GebrauchsanweisungWebbook: Geschichte schreiwe, Léiertagebuch féieren
Während de Storyboard ëmmer grouss d'Bild am Mëttelpunkt huet, ass d'Webbook gudd gëeegent, fir een Online-Buch mat méi groussen Texter ze fëllen (z.B. fir een Léiertagebuch während der Schoul-Aarbecht doheem, oder och fir Geschichten ze schreiwen). Och hei kënnen awer kleng Biller, Audio-Clips a Videos mat agesat ginn.
»
GebrauchsanweisungPinnwand an Chat: Direkt Kommunikatioun
D'Pinnwand gëtt den Enseignanten d'Méiglechkeet, Messagen ze publizéieren, déi sech un d'ganz Klass (oder souguer un d'ganz Schoul oder de ganzen Cycle) riichten. Dobäi kënnen och Biller, Dokumenter, Toun-Opnamen a Links ugehaange ginn. D'Schüler kënnen direkt ënnert déi Messagen och Commentaire setzen (och mat Toun, Biller an Dokumenter).
»
Erklärungsvideo am Zesummenhang vu Schoul doheemFir déi direkt Kommunikatioun mat eenzelne Schüler oder klenge Schülergruppe gëtt et och een Chat. (Fir een neit Chat-Thema mat bestëmmte Persounen opzemaache, kënnt Dir bei den Tools uewen op "Haaptmenü > Conversation" goen.)
»
ErklärungsvideoC) Weider Hëllefstellungen
Zougrëffsrechter astellen
Hei gëtt erklärt, wéi ee bei de verschiddenen Tools astelle ka, wie wat kucken dierf, a wie matschaffen dier. Wanns Dir net sécher sidd, ob Dir d'Rechter richteg agestallt hutt, kënnt Dir Iech gäre bei
melle, fir se zesummen ze kontrolléieren.
»
GebrauchsanweisungLinks benotzen
Links kann een op ville Plaze benotze, fir Leit enzwousch hinzeféieren. Wann een z.B. eng strukturéiert Infosäit am Wiki huet, kann een och vun do aus op ee Storyboard, eng Tiparlo Geschicht oder ee Webbook verweisen.
»
GebrauchsanweisungVideos verklengeren
Standardméisseg ass den Upload vu Videos op 70 Megabytes limitéiert. Hei fannt Dir eng Hëllefstellung, wéi Dir Videos verklengere kënnt.
»
GebrauchsanweisungD) Support
Du brauchs Hëllef? Eng Fro zu Kanner-Passwieder, zu engem bestëmmten Tool? Du hues eng Iddi, awer wees net, wéi een Tool am beschten notzen? Kontaktéiert eis op support@educdesign.lu
Mir sinn och telefonesch um 26 51 61 ze erreechen, awer duerch den Teletravail kann et sinn, dass Dir net zu all Moment duerchkommt.
Am Blog op
www.olefaschool.lu/schouldoheem fënns du och reegelméisseg nei Iddien a Beispiller.