Storyboard / Dimmi


!Neie Storyboard!

De Storyboard huet ee ganz neie Look kritt an ass elo nach vill méi handlech. Weiderhin si vill weider Funktioune bäikomm, wéi z.B. d'Abaue vu Videoen, d'Attributioun vu Sprooch / Tags bei mëndlechen Opnamen, ... D'nei Versioun ass elo schonn am Browser disponibel a wäert och am Laf vum Trimester als App fir Tablets disponibel sinn. Mir kënnen da bei Iech an d'Klass kommen fir déi de Kanner ze weisen.

youtu.be/DYqAw9VShaU 

Dimmi

Fir d'Kommunikatioun zwëschen Elteren a Schoul ze erliichteren, hu mir och eng Kommunikatiouns-App erstallt, wou Dir an enger éischter Phase Textnoriichten kënnt un d'Eltere vun Ärem Grupp schécken. Fir d'2. Trimester kënnt dann eng 2. Versioun eraus, wou och ënnert anerem d'Verschécken vu Medien (Fotoen, Dokumenter,..) méiglech ass.

youtu.be/pYDDAp5WBtw

Aschreiwung

















Är Donneeë gi just benotzt, fir den Termin confirméiere / rejetéieren ze kënnen, an Detailer mat Iech klären ze kënnen.