Passer au contenu principal

Best Practice Blog


Hei präsentéiere mir Iech verschidde Beispiller vu Projeten, déi an de Schoule mat den OLEFA Tools erstallt goufen. Vill vun dëse Beispiller sinn och am Kader vum HomeSchooling während dem éischte Confinement vun der Corona Pandemie entstan.



OLEFA How-to Guides & Support Infos
» Weider Informatiounen



Blog

eTeaching/Homeschooling: Ënnerrichten a léieren doheem

Als wichteg ugepinnt 18.03.2020 23:03

Hei weider Beispiller vun Informatiounssäiten déi Elteren resp. Schüler-innen Aufgaben, Léierureegungen, Informatiounen a Ressourcen zur Verfügung stellen fir doheem ze schaffen.
Dat iwwer iwwersichtlech Mini-Websaïten (Wiki) direkt um Internetsitevun der Schoul .
Léier-Ressourcen Schëffleng C2  EF Nelly Stein:
Cycle 2.1 a
Cycle 2.1 b
Cycle 2.2   



» Detailer
» Fotoen


Eng Geschicht vu Verloscht a vun engem Neiufank

Als wichteg ugepinnt 21.04.2020 22:04

Selwer mat Kanner Geschichten erfannen, inszenéieren an erzielen, sech kreativ a kënschtlerech ausdrécken mat analogen an digitalen Mëttel.
Hei e Beispill vun engem Ouschtervakanzen-Storyboard




How-to Home Schooling (one-stop-shop)

Als wichteg ugepinnt 24.03.2020 23:03

Dëss Wikisäit  vum Grupp Aqua (Villa Mirabelle/ EF Wooltz) zentraliséiert um Internetsite vun der Schoul iwwersichtlech a strukturéiert all déi Informatiounen, Anleitungen an Erklärungen déi fir Home-Schooling gebraucht ginn. 
Mode d'emploi/Anleitung


D'Klassesaït - Dréi- an Angelpunkt vun der Kommunikatioun mat den Elteren a Schüler-innen

Als wichteg ugepinnt 06.04.2020 23:04

D'Klassesäit vum Cycle gëtt als zentralen Kommunikatiounkanal mat den Elteren benotzt. Hei fanne si ganz einfach, iwwersichtlech a chronologesch obgebaut Erklärungen, Uleedungen, Aufgaben, Wochepläng, Verbesserungen, Hellëfstellungen, Froebéi, asw. ...

Beispill Klassesaït C2 Koerich

» Detailer


Buch Liesung

09.04.2020 22:04

Hei e sympathescht Beispill wou e puer Jofferen aus dem C1 vu Wëntger hire Schülerinnen e Buch fir liesen.
Videomessagen

» Detailer


All puer Deeg e klengen Challenge

09.04.2020 21:04

All puer Deeg kréien all d'Schülerinen vun enger Klasse e klengen Défi lancéiert. D'Elteren lueden d'Resultat a Form vun enger Foto, engem klengen Video, enger Sproochopnahm enger kuerzer schrëftlecher Notiz a e Storyboard. All Schüler-innen partizipéieren an gesinn an héieren wat dir Klassenkamerod-inn-en gemat hun.

Défi 3 - Chanter une chanson
Défi 4 - Faire une activité gymnastique
Défi 5 - Donner un coup de main




Nistkasten-Kamera

07.04.2020 23:04

Passend zur Saison! Hei kënn Dir an d'Kannerstuff vu Villecher eralussen an hoffentlech gesinn wéi déi kleng Piepmatzen aus hiren Eer erausklammen, wéi si gefiddert ginn, wuessen an dann hir d'Nascht verlossen.
Nistkasten


Wëssenschaftlech Experimenter fir doheem nozemaachen

07.04.2020 00:04

Hei e puer Beispiller vun einfachen Experimenter déi all Schüler-in doheem ka nomaachen.

Experiment Waasserdamp

» Detailer


Schouldoheem - Web-Journal

06.04.2020 21:04

Direkt iwwer de Schoulportal kréien d'Elteren a Schülerinnen all Dag e kleng Nochricht, en Update, een interessant Beitrag zum Homeschooling.

Zur Homepage vun de Beetebuerger Grondschoulen


Lauschtere, bastelen an erzielen: De Maulef beim Weier

02.04.2020 09:04

Och ee vun eisen Entwéckler beschäftegt am Moment zesumme mat senger Fra säi Kand doheem mat flotten a kreativen Aktivitéiten. Zesummen hunn si d'Geschicht vum Maulef beim Weier gelauschtert, d'Personnage gebastelt, an Zeen gesat, an dat ganzt als Storyboard vertount. Vill Spaass!