Passer au contenu principal

Best Practice Blog


Hei präsentéiere mir Iech verschidde Beispiller vu Projeten, déi an de Schoule mat den OLEFA Tools erstallt goufen. Vill vun dëse Beispiller sinn och am Kader vum HomeSchooling während dem éischte Confinement vun der Corona Pandemie entstan.



OLEFA How-to Guides & Support Infos
» Weider Informatiounen



Blog

Art-at-home (Corona-Crafts)

01.04.2020 07:04

Hei ginn de Schülerinnen Bastelaarbechten virgeschloen déi si doheem nobastele kënnen. Si kënnen déi Aarbechten fotograféieren fir si iwwer e Wiki mat anere Schülerinnen ze deelen.

www.schoul-munneref.lu/project/538/3807


Phonologesch Bewosstheet

31.03.2020 22:03

Mat dësem Storyboard kënnen d'Schüler-innen léieren Wierder a Silben ze zerleeën a Silben zu engem Wuert zesummen ze féieren. An dësem Exercice sollen d'Kanner den "Anlaut" (éischte Laut) an d'Umlauter vun engem Wuert léieren ze erkennen, D'Léieren stellt mëndlech d'Wuert, segmentéiert Wuert an déi verschidden Silben, stellt d'Fro an gëet och d'Äntwert mëndlech.
Hei zum Exercice


Non-formal Bildung: Aktivitéiten Proposen vun Aktivitéiten fir doheem

31.03.2020 21:03

Hei e Beispill wéi vun den SEA zu Diddeleng iwwer eng OLEFA-Datebank de Kanner Aktivitéiten fir doheem ugebuede ginn. Iwwer e Filteren kënnen fir verschidden Handlungsfelder passend Aktiviéiten erausgesicht ginn.

Léscht vun Aktivitéiten

Infos zum OLEFA Datebank-Generator

Cours de musique FM1 /FM2 et Cours de guitare

27.03.2020 10:03

Hei e Beispill vun engen Musekscours deen de Schülerinnen an hiren Elteren eng Rei Exercicen an Ueedungen ubidd, fir doheem kënnen ze üben ze sangen a Guitare ze spillen, mat multimedialen Instrukiounen vun hirem Museksproff.

--> Link zum Musekscours


Science: Experiment: Keimung vun enger Boun

27.03.2020 00:03

Hei ass e Virschlag aus der Saeuler Grondschoul vun engem Experiment wat ganz einfach doheem no ka gemat ginn. D'Erklarungen dozu gi schrëftlech an mëndlech op LU an FR geliwwert. 

zum Experiment


Mathe - Komm mir zielen.

27.03.2020 00:03

Kleng bebillert Matheaufgab aus engem C1 vu Strossen. D'Schülerinne muss Déieen op engem Bild fannen. D'Froen gi mëndlech gestallt.




C1 - Ureegung fir ze léieren mat alle Sënner

26.03.2020 23:03

Hei e Beispill vun engem C1 aus Beetebuerg dat fir all Kompetenzfelder aus dem Plan d'étude originell Übungen, Experimenter an Aarbechten ubidd, illustréiert mat Text, Fotoen a klengen Vidoen.

Hei zu den Ureegungen


Online Diktat mat Quiz - Liesmn, héieren a schreiwen

24.03.2020 23:03

Zil vun der Aufgab ass, datt Schülerinnen kënne Wierder liesen, sech mierken an offschreiwen, Wierder héieren a mémoriséieren, déi geübten Wierder (an engem) Diktat richteg schreiwen.
Beispill vun Wooltz - C2 Villa Mirabella


eTeaching/Homeschooling

24.03.2020 14:03

Hei eng weider Säit vun engem Cycle 2 aus Schëffeleng, deen fir d'Elteren resp. Schüler-innen Aufgaben a Léierureegungen zur Verfügung stellt fir doheem ze schaffen. Dat iwwer iwwersichtlech Mini-Websaït (Wiki) direkt iwwer d'Internetsäit vun der Schoul .
EF Nelly Stein C 2.1
EF Nelly Stein C 2.2  
EF Nelly Stein C 2.1
» Fotoen


Online Schreifdiktat -Mila

24.03.2020 14:03

Hei e Beispill wéi een Diktat kann online gesat.
Den Text guef vun der Léierin Wuert fir Wuert mëndlech diktéiert an an een Storyboard opgeholl .
D'Schüler-inne kënne mat dëser Ressource hir Schreifkompetenz trainéieren. 

Online Diktat Mila