Passer au contenu principal

Best Practice Blog


Hei präsentéiere mir Iech verschidde Beispiller vu Projeten, déi an de Schoule mat den OLEFA Tools erstallt goufen. Vill vun dëse Beispiller sinn och am Kader vum HomeSchooling während dem éischte Confinement vun der Corona Pandemie entstan.



OLEFA How-to Guides & Support Infos
» Weider Informatiounen



Blog

Mathe-Unterrëcht / Addition mit Überschreiten

22.03.2020 23:03

Déi hei Ressource weist e Beipill wéi de Storyboard ka benotzt ginn fir de Schüler-innen ze erklären wéi de Rechnewee funktionnéiert an si esou schrëttweis ze guidéieren. D'Recheschrëtt si visuell duergestallt an op FR an DE mëndlech erklärt.

Beispiller C2 EF Nelly Stein:
Addieren mit Überschreiten ZE + ZE

Addieren mit Überschreiten ZE + ZE Rechenstrich

» Fotoen


Collage artistique et multimedia zum Thema Zirkus

22.03.2020 00:03

D'Geschicht vum Clown a vun der Ballerina ass an dem hei Beispill  artistesch verschafft  an illustréiert ginn an op Lëtzebuergesch fräi noerzielt ginn.

De Clown an d'Balerina

» Detailer


Work@Home - Online Léier-an Aktivitéitencarnet

22.03.2020 00:03

Beispill vun engem Léier- an Aktiviéitencarnet vun engem Schüler aus der Grondschoul vu Wëntger. 
An de Wiki-Projet deen den Enseignant individuell fir all Schüler-in opgemat huet, setzen Schüler déi Aufgaben  déi si doheem maachen einfach mat Drag-and-Drop drop. Schüler -inne kënnen och eng Sproochnoricht opschwätzen oder eng mëndlech Aufgab direkt an deem Wiki maachen. Den Enseignant kann dann gesinn wéi de/d' Schüler-in weiderkennt, him/hir direkt am Wiki e Feeback ginn (mëndlech oder schrëftlech) a ganz individuell suivéieren a fërderen.

Zum Beispill
» Fotoen


Work@Home - Guide fir d'Elteren

21.03.2020 23:03

Dësen Newsbäitrag iwwer d'Internetportal vun der Grondschoul vu Wëntger résuméiert a kurzer Form fir d'Elteren, (déi jo och bis dato net confrontéiert ware mat Homeschooling) wat dLéierpersonal vum C2 de Schülerinnen als Télétravail ubidd a wéi se sech kënnen organiséieren fir een Austausch mat der Schoul ze hunn.

Hei zum Beispill

» Detailer
» Fotoen


Klassesäit mat Ressourcen fir doheem ze léieren

20.03.2020 23:03

Beispill vun engem Wiki aus dem C2 /aus der Ganzdagesbetréiungsstruktur Villa Mirabella) deen fir Schüler-innen an Elteren all Informatiounen, Instruktiounen a Recommendatiounen gruppéiert wat doheem schoulesch wichteg wier ze behandelen.

Klassesäit mat Aufgaben
.

» Detailer


Formation musicale - Gehéier Training - Chant autonome

20.03.2020 23:03

Dëst ass e Beispill vun engem digitalen Aarbechtsblat  (Musekschoul vun Déifferdéng)mat Audio-Elementer als Hëllefstellung fir d'Schüler vun der Formation musicale.

» Detailer

Formation musicale

Maus Kätti - mat däitscher Gebärdesprooch

20.03.2020 23:03

Déi hei Ressource kënn Dir u Schüler-inne weiderleeden déi eventuell eng Héierschiedegung hunn.
 D'Gedicht ass an déi däitsch Gebärdesprooch iwwersat ginn, fir Schülerinnen mat enger Héierschiedegung déi Geschicht kënne verstoen. De Video mat der Gebärdesprooch ass direkt an e Storyboard agebett ginn.

Maus Ketti an DGS

» Detailer


Maus Kätti - Héierbuch

20.03.2020 22:03

D'Maus Ketti vum Auguste Leisch, hei virgelies vun engem Schüler aus dem LAML mat der Applikatioun Tiparlo. Déi Applikatioun erlabt déi mëndlech Sproochkompetenz ze entwéckeln a funktionnéiert nom Prinzip vun engem "Sproochen Recorder". Schüler-innen kënnen Geschichten a klengen Sequenzen ophuelen, sech offlauschteren, nees nei ophuelen an hir Mëndlechkeet mat deem Prinzip selwer lafend verbesseren.
Audio-book Maus Ketti

» Detailer


Iddien a Material fir den Cycle 2

20.03.2020 15:03

Hei fannt Dir ganz vill Material fir d'Sproochenunterrecht, am Däitschen an am Franséischen, déi Schüler-innen doheem kënne benotzen. ( Wiederlëschten, Vocabulaire, ... )
» Zur Iwwersiicht

» Detailer


Lauschteren vun Wierderléschten, Geschichten / Ecoutes mots et histoires

20.03.2020 07:03

Ressourcen erstall vum C2 aus der Grondschoul Däich vun Diddeleng. D'Schülerinnen kënnen d'Wierder lauschteren, noschwätzen eventuell noschreiwen, an hirer egener Sprooch soen fir ze erkennen op et eng téschent dem Wuert an hirer Sprooch am Franséischen eng Relatioun gëtt.


Mam Lauschteren an dem Héieren vu Geschichten an däitscher Geschicht verbesseren d'Kanner hirt Verständnis vun der Sprooch.

DE - Als die Raben noch bunt waren

DE - Der Streik der Farbe