Skip to main content

Pinnwand - Kommunikatioun/ Interaktioun direkt mat Schüler-innen an hiren Eltern

18.03.2020

Wosst Dir schonn, dass et op Ärem OLEFA Schoulwebsite eng Pinnwand gëtt, wou d'Enseignanten ganz einfach kënne Bäiträg posten (z.B. Aufgaben, Ureegungen, Dokumenter, interessant Links).

» Tutorial zum Asaz vun der Pinnwand

Dat ganzt op eng einfach Art a Weis, wéi een et vu sozialen Netzwierker wéi Facebook kennt. D'Schüler-innen bzw. hir Elteren kënnen ënnert de Bäiträg och Commentairen oder Froe schreiwen, Fotoen, Dokumenter, asw. ...bäisetzen.

All Kommunikation déi téschent der Schoul, de Schüler-innen resp. den Elteren leeft, geschitt iwwer Serveren déi hei zu Letzebuergesch stinn. Et ginn absolut keng Daten iwwer d'Benotzer gesammelt. D'Pinnwand esou och wéi all déi aner Applikatiounen vun der Olefa Education Suite si fräi vu Werbung oder Trackings. All déi Outils goufen ze Lëtzebuerg entwéckelt de Schoulen eng Méiglechkeet ze bidden e "Safe social network" ze bidden, andeem nëmmen identifizéiert Benotzer aus de Schoulen resp. SEA an hiren respektiven Kontext mateneen kommunizéiere kënnen.