Schoul Doheem


Vill Schoulen benotzten am Moment hiren OLEFA Schoulsite, fir de Kanner Informatiounen ze ginn, u wat si doheem schaffe kënnen, awer och fir d'Kanner aktiv ginn ze loossen a mat hinnen ze interargéieren. Hei sammele mir verschidden Iddien, fir Ënnerstëtzung a Support ze bidden.

Du brauchs Hëllef? Eng Fro zu Kanner-Passwieder, zu engem bestëmmten Tool? Du hues eng Iddi, awer wees net, wéi een Tool am beschten notzen? Kontaktéiert eis op
Mir sinn och telefonesch um 26 51 61 ze erreechen, awer duerch den Teletravail kann et sinn, dass Dir net zu all Moment duerchkommt.

Du hues eppes interessantes mat de/fir Schüler-inne mat den Tools um Schoulsite gemaach? Dir hutt Iech op eng speziell Art a Weis organiséiert? Vläicht ass déi Iddi och fir Anerer interessant. Kontaktéiert eis iwwert dëse Formulaire!


How-to Home Schooling (one-stop-shop)

Als wichteg ugepinnt 24.03.2020 23:03

Dëss Wikisäit  vum Grupp Aqua (Villa Mirabelle/ EF Wooltz) zentraliséiert um Internetsite vun der Schoul iwwersichtlech a strukturéiert all déi Informatiounen, Anleitungen an Erklärungen déi fir Home-Schooling gebraucht ginn. 
Mode d'emploi/Anleitung


Cours de musique FM1 /FM2 et Cours de guitare

27.03.2020 10:03

Hei e Beispill vun engen Musekscours deen de Schülerinnen an hiren Elteren eng Rei Exercicen an Ueedungen ubidd, fir doheem kënnen ze üben ze sangen a Guitare ze spillen, mat multimedialen Instrukiounen vun hirem Museksproff.

--> Link zum Musekscours


Science: Experiment: Keimung vun enger Boun

27.03.2020 00:03

Hei ass e Virschlag aus der Saeuler Grondschoul vun engem Experiment wat ganz einfach doheem no ka gemat ginn. D'Erklarungen dozu gi schrëftlech an mëndlech op LU an FR geliwwert. 

zum Experiment


Mathe - Komm mir zielen.

27.03.2020 00:03

Kleng bebillert Matheaufgab aus engem C1 vu Strossen. D'Schülerinne muss Déieen op engem Bild fannen. D'Froen gi mëndlech gestallt.




C1 - Ureegung fir ze léieren mat alle Sënner

26.03.2020 23:03

Hei e Beispill vun engem C1 aus Beetebuerg dat fir all Kompetenzfelder aus dem Plan d'étude originell Übungen, Experimenter an Aarbechten ubidd, illustréiert mat Text, Fotoen a klengen Vidoen.

Hei zu den Ureegungen


Online Diktat mat Quiz - Liesmn, héieren a schreiwen

24.03.2020 23:03

Zil vun der Aufgab ass, datt Schülerinnen kënne Wierder liesen, sech mierken an offschreiwen, Wierder héieren a mémoriséieren, déi geübten Wierder (an engem) Diktat richteg schreiwen.
Beispill vun Wooltz - C2 Villa Mirabella


eTeaching/Homeschooling

24.03.2020 14:03

Hei eng weider Säit vun engem Cycle 2 aus Schëffeleng, deen fir d'Elteren resp. Schüler-innen Aufgaben a Léierureegungen zur Verfügung stellt fir doheem ze schaffen. Dat iwwer iwwersichtlech Mini-Websaït (Wiki) direkt iwwer d'Internetsäit vun der Schoul .
EF Nelly Stein C 2.1
EF Nelly Stein C 2.2  
EF Nelly Stein C 2.1
» Fotoen


Online Schreifdiktat -Mila

24.03.2020 14:03

Hei e Beispill wéi een Diktat kann online gesat.
Den Text guef vun der Léierin Wuert fir Wuert mëndlech diktéiert an an een Storyboard opgeholl .
D'Schüler-inne kënne mat dëser Ressource hir Schreifkompetenz trainéieren. 

Online Diktat Mila


Mathe-Unterrëcht / Addition mit Überschreiten

22.03.2020 23:03

Déi hei Ressource weist e Beipill wéi de Storyboard ka benotzt ginn fir de Schüler-innen ze erklären wéi de Rechnewee funktionnéiert an si esou schrëttweis ze guidéieren. D'Recheschrëtt si visuell duergestallt an op FR an DE mëndlech erklärt.

Beispiller C2 EF Nelly Stein:
Addieren mit Überschreiten ZE + ZE

Addieren mit Überschreiten ZE + ZE Rechenstrich

» Fotoen


Collage artistique et multimedia zum Thema Zirkus

22.03.2020 00:03

D'Geschicht vum Clown a vun der Ballerina ass an dem hei Beispill  artistesch verschafft  an illustréiert ginn an op Lëtzebuergesch fräi noerzielt ginn.

De Clown an d'Balerina

» Detailer


first previous last previous