Zum Hauptinhalt springen

Home

home navigation
home navigation

Olefa

Eng Plattform, ee Login, onendlech Méiglechkeeten!

Ruff eis un oder schreif eis!

Schoulsite

Transparenz a Kommunikatioun no baussen ass dat wat eng offen an dynamesch Schoul ausmécht.

Duerch News, Blogs, Klassesäiten, Agendas, Formulairen, Newsletters, Podcasts a co. ass däi Site den zentrale Kommunikatiounstool no baussen.

Kalenner

Erstell Kalennere mat individuellen Zougrëffsrechter. Asazberäicher:

  • Terminplanung
  • Hausaufgabebichelchen
  • Reservatioun vu Säll
  • iPads
  • Ausflich
  • ...

Bibliothéik

Vill méi wéi eng Datebank!

Saisie a Prêt einfach gemaach duerch ee Barcode Scanner

Kollaboratioun mat Antolin

Liesförderung einfach gemaach - mëndlech a schrëftlech Kommentare a Projetë kënnen direkt beim Buch erstallt ginn.

Pädagogesch Tools

Oppen Tools, oppe Méiglechkeeten!

Eis Tools förderen:

  • Oral & Schrëftlechkeet
  • Kreativitéit & Kollaboratioun

Autonomie & Ënnerstëtzung bei:

  • Differenzéierung am Klassesall
  • Medienerzéiung

Perfekt Ergänzung och fir Schoulbicher, z.B. duerch mëndlech Schüler-Portfolioen.

Dimmi

Let's talk!

Sécher an direkt Kommunikatioun tëschent der Schoul / SEA & Elteren

  • Keng Reklammen!
  • Keng Vermaartung vun Ären Daten!
  • Brauch keng privat Handysnummer!

Blogs, News, Podcasts, ...

Sidd Ären eegene Reporter.

News-Datebanke, Blogs a Podcasts erméiglechen et, op eng regelméisseg, konsequent an attraktiv Manéier, d'Aktivitéiten, Ukënnegungen, Berichter asw. ze presentéieren.